Wëllkomm an der „Klenger Gemeng“

Déi „Kleng Gemeng“ begréisst Iech häerzlech um Internet. Den Duerfkär vu Mamer huet sech an deene leschte Jore richteg rausgebotzt. De „Brill“ als Park fir Jonk an al, dodran e wonnerschéint Seniorenheem, eng restauréiert Kierch, de Sprangbur vum Nikolaus Mameranus an d‘Gemengenhaus matzen am renovéierte Schlass. Wat wonnesch, datt do och déi richteg, typesch an urlëtzebuergesch Wiertschaft net däerf feelen. Kee Wonner och, datt dës al Wirtschaft den Numm „Kleng Gemeng“ krut, well wien nëmmen eng Grimmel Ahnung vun Duerfpolitik huet, dee weess, datt kee Member vum Schäfferot a kee Konzelljee Nee seet, wann et heescht, no der Sëtzung een huelen ze goen. A méi wéi eng Keier - Dir wësst et - gëtt déi wierklech Politik net ronderëm den offiziellen Dësch am Sëtzungssall gemaach, mä hannerwands, um Stammdësch beim gemittlechen an och ureegende Patt.

„Realpolitik à la Luxembourgeoise“.

Adress

Café Kleng Gemeng

15, rue du Marché

L-8252 Mamer

Infos

D’Kleng Gemeng as emmer Sondes zou.

Kontakt

Tel. 31 00 22

Email: freytag@pt.lu

Fannt ons

© 2017 Café Kleng Gemeng. Impressum - Design by philippejentgen.com