Eng Grëtz Geschicht

1903 goufen et zu Mamer 19 Wiertschaften, haut sinn et der nach 3. Mä schonn deemools war dëse Bistro ënnert dem Numm „Café des Sports“ derbäi. Éischte Proprietär war den Nicolas Feierstein, an no him koum d‘Famill Salm-Feierstein. Den Theo Salm huet de Café un d‘Madame Kloster (d‘Klouschtesch) weiderginn an en 1987 un d‘Dikrecher Brauerei verkaaft. Am Mee 1990 goufen dem Salms Téid seng Duechter, d‘Josée, zesumme mat hirem Mann dem Fernand Brosius, déi nei Wiertsleit a bloufen et bis 2002. No hinnen hunn d‘Monique an den Jang Schwartz-Ernzen gezaapt, an zënter 2008 steet de Claude Lang hannert dem Comptoir. Mëttes kritt Dir en Dagesmenü zervéiert.

Eng Plaz wou ee gären ass

Scho vun baussen zitt de Bistro mat senger hëlzener Summerterrasse een un. Déi déck al Mauere suerge summesch iwwer, datt et dobanne laang kill bleift a späicheren duerno d‘Hëtzt fir déi kal Joreszäit.

Op enger grousser Live-Tabell suergt den Claude derfir, datt d‘Foussballfrënn ëmmer um Lafende sinn, wien an der National-Divisioun an an där Divisioun, an där de Mamer F.C. 32 just spillt, vir ass. Och déi wierklech „professionell Freakes“ kommen zu hirem, wann de Claude um grousse Bildschierm den internationale Foussball an d‘Stuff hëlt.

 

Nieft fënnef Zorte Béier zervéiert hien Iech dobäi e Wéngchen, bei deem Der verwonnert sidd, datt op eiser Musel sou eppes natierlech-Guddes wiisst. Frot Der Iech do nach laang, firwaat de Bistro stonneweis struppevoll ass an datt am Nomëtteg an alt scho mueres regelméisseg op d‘mannst zwéi Stammdëscher besat sinn?

 

Hutt Dir also iergend e Wonsch un de Claude? Rufft einfach un, d‘Tëlefonsnummer ass den 31 00 22

Adress

Café Kleng Gemeng

15, rue du Marché

L-8252 Mamer

Infos

D’Kleng Gemeng as emmer Sondes zou.

Kontakt

Tel. 31 00 22

Email: freytag@pt.lu

Fannt ons

© 2017 Café Kleng Gemeng. Impressum - Design by philippejentgen.com